Radio Diddeleng

[

Listen Live

]

Radio Diddeléng ass eng Asbl. mam but ze informéieren an ze ënnerhalen Eis Equipe Talentéiert, ënnerschiddlech an hirer Zesummesetzung a vereent duerch hiren Enthousiasmus, besteet eis Équipe ausschliisslech aus fräiwëllege Mattaarbechter. Déi villfälteg Funktiounen déi am Radio ze erfëlle sinn erlabe jiddwerengem seng Kompetenzen a Motivatiounen anzebréngen. Radio Diddeléng asbl ass 1992 duerch e puer idealistesch Privatleit gegrënnt gin déi voller Entousiasmus ware fir Radio ze maachen. Vun der éischter Stonn u sinn d'Emissounen aus dem S... See more

Dudelange FM|103.6
Radio Diddeléng ass eng Asbl. mam but ze informéieren an ze ënnerhalen

Eis Equipe

Talentéiert, ënnerschiddlech an hirer Zesummesetzung a vereent duerch hiren Enthousiasmus, besteet eis Équipe ausschliisslech aus fräiwëllege Mattaarbechter. Déi villfälteg Funktiounen déi am Radio ze erfëlle sinn erlabe jiddwerengem seng Kompetenzen a Motivatiounen anzebréngen.

Radio Diddeléng asbl ass 1992 duerch e puer idealistesch Privatleit gegrënnt gin déi voller Entousiasmus ware fir Radio ze maachen.

Vun der éischter Stonn u sinn d'Emissounen aus dem Studio den an engem Privathaus an der Bannentstrooss installéiert war 24/24 Stonnen op der Frequenz 103.9 iwwerdroe ginn.

1994 huet de Radio seng Dieren an den Aale Pompierslokalen hannert der Gemeng opgemaach.

1996 ass d'Frequenz vu Radio Diddeleng offiziell op 103.6 geännert ginn.

Zanter hier ass de Radio gewuess an Animateuren aus allen Altersklassen

hunn hier Emissioune proposéiert. Huele mer just e puer Beispiller: "Happy Hour", "Show-Time", "On Air", an eng Abberzuel vun aner Emissiounen déi vu Jonken an och vill manner jonken animéiert goufen.

Erënnere mer eis un den Här Jos Weirich mat senger Emissioun "Die Kriegsjahre 1940-1945 oder awer den Här Nic Daubenfeld deen et fäerdeg bruecht huet mat sengem "Düdelinger Allerlei" onvergiesslech Diddelenger Anekdoten ze verzielen.

Net ze vergiessen d'Emissioune vun der portugisescher Communautéit vun Diddeleng. Hir Emissioune woren all déi Joer e fundamentale Pilier fir de Radio, mat interessanten, informativen a kreative Programmer.

Et wor 2007 wou déi Responsabel vum Radio Diddeléng décidéiert hun fir d'Studioen an déi gesamt Technik vum Radio ze moderniséieren

No 2 Joer Aarbecht a mat vill Ënnerstëtzung vun der Diddelenger Gemeng an dem Syndicat d'Initiative vun Diddeléng konnt och dës Aufgab gemeeschtert ginn, an den 13. Februar 2009 war Porte-ouverte an offiziell Aweiung vun den neie Studioen.
© LogFM.com, 2009-2024 (2024-03-26,07:24:56)